Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Jeu de rôles


Um zweete Stack vun der maison relais Brill 1 befënnt sech den Atelier Rollespill.

Dëse Raum ass och deen am meeschte verännerleche Raum, well mir probéieren am Rollespill an bestëmmten Ofstänn de Raum ze änneren an esou nei Méiglechkeeten opzemaachen. Et kann also sinn, datt mir an e gewëssen Méint iwwer alldeeglech Situatiounen diskutéieren mat Hëllef vun der Kichen, dem Supermarché, dem Poppeneck, asw. An aner Méint méi professionell Themen wéi den Dokter, de Policebüro, de Restaurant, asw.

Esou gëtt de Raum permanent un d'Interessen an aktuell Themen ugepasst a bleift net ëmmer selwescht. Mir bidden den Kanner eng frëndlech Equipe, déi hir Fantasie stimuléiert an et hinnen méi einfach mecht an déi jeeweileg Rollen ze rutschen.