Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Neiegkeeten

  • Breedewee
    Kanalstrooss

    Rentrée

    Léif Elteren,

    Mir hoffen, dat dir eng flott Vakanz haat! :)

    Den éischten Schouldaag steet virun der Dier.

    D'ganz Ekipp vun der Maison Relais freet sëch, all de Kanner eng gudd Rentrée ze wënschen.

    Mir sinn opgereegt, all d'Kanner ërem ze gesinn an déi néi mat oppenen Ärm ze empfänken.

    Bis en Méinden :)


  • Kanalstrooss

    Ekipp fir d'Schouljoer 2024/2025

    Léif Elteren,

    Dat ass eis Ekipp fir d'Schouljoer 2024/2025.

    Eischt Reih vun lenks no riets:

    Adrian Ottermann : Educateur diplômé

    Loïc Raschella: Educateur diplômé

    Sharon Laranjeira: Chargée de Direction

    Zweet Reih vun lenks no riets:

    Santiago Carine: Agent socio-éducatif

    Raquel Pinto: Apprentie en éducation

    Malou Thill: Agent socio-éducatif


  • Breedewee
    Kanalstrooss Highlander Grand Rue

    Olympiad's-Woch

    Dës Woch stungen d'Aktivitéiten an der Groussgaas ronderëm d'Thema Olympiad.


    D'Kanner konnten sech asutoben, sech selwer erausfuederen, sëch geigensaiteg eraus fuederen esou wéi hier sportlëch Fähegkeeten wéiderentwéckelen :)

    Héi e puer Anbléck :)


  • Kanalstrooss

    Beachvolleyball-Turnéier Cycle 3-4

    Méintlaang hunn d'Kanner sëch op den Beachvolleyballturnéier virbereed.

    Vun léieren Passen ze maachen, sëch richtëg opzestellen bis op T-shirten ze gestalten...


    An deenen méint hunn d'Kanner sëch gudd drun ginn an och immenz vill wéiderentwéckelt!

    Entlëch war den daag dunn do :)

    Mat ganz vill Freed hunn d'Kanner sëch duerch deen Turnéier gekämpft.

    D'Tshirten déi d'Kanner gemeet hunn goufen dann och als kreativst Tshirten vum Turnéier bezeechent:)


  • Breedewee
    Kanalstrooss Highlander Grand Rue

    Programm - Summervakanz

    Léif Elteren,

    Héi ass den Aktivitéitsplang fir d'Summervakanz vum 22.07 - 06.09 an der Maison Relais Groussgaas.

    Wichtëg: den 24/07/24 verbréngt dat ganzt Haus den Daag am Ellergronn fir en "Summer Camp".

    Mir wënschen ierch all eng erhuelsam Vakanz :)


  • Kanalstrooss

    Programm - Summervakanz am Canal

    Léif Elteren,

    Héi sinn d'Aktivitéitpläng fir déi Wochen vum 16.07-19.07 + 09.09-13.09.24 am Parc du Canal. :)

    Léif Gréiss,


Nächst Lescht