Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Kalenner

Zum Kalenner

Neiegkeeten

  • Wobrécken (Crèche)

    Summersfest an Campusfest

    E grousse Merci un d’Elteren!
    Mir soe alle Elteren e ganz häerzleche Merci fir hir Präsenz an hir Matmaach beim Summersfest an um Campusfest.

    Ouni Iech wieren dës schéin a lieweg Momenter net déiselwecht gewiescht.

    Duerch Ären Engagement an Äre gudde Wëllen sinn dës Evenementer e richtegen Erfolleg ginn – voll Freed, Laachen a schéin Erënnerungen, fir Kleng a Grouss.

    Äre Support bedeit eis vill a motivéiert eis, weiderhin mat Leidenschaft fir d’Kanner do ze sinn.

    Merci fir Äert Vertrauen an datt Dir un eiser Säit sidd!


  • Wobrécken (Crèche)

    Nationalfeierdag an eiser Crèche

    Fir Nationalfeierdag hu mir zesumme mat eisen Kanner eng flott a lecker Aktivitéit organiséiert!

    D’Kanner vun 2 Joer hunn hëllefsbereet d’Deeg geknéit an Sabléen an der Form vum Grand-Duché ausgestach. D’Kanner vun 4 Joer hunn duerno mat vill Freed a Kreativitéit d’Kichelcher mat engem dräifaarwege Glace (rout, wäiss a blo) dekoréiert – natierlech a Respekt vun de Faarwe vun eisem lëtzebuergesche Fändel!

    Dës Aktivitéit war eng super Geleeënheet fir d’Kanner sech kreativ auszeliewen, zesummen ze schaffen an dobäi eppes iwwert eis Kultur a Fester ze léieren.

    Mir si ganz houfreg op eis Kanner a freeën eis dës Momenter mat Iech ze deelen! ❤️


  • Wobrécken (Crèche)

    Besuch vum Pistache – en aussergewéinleche Reptil bei eis an der Crèche

    Dës Woch haten eis Kanner eng ganz speziell Iwwerraschung: de Pistache, en Pogona (Baartagam), koum op Besuch! Eng Mataarbechterin vun eiser Crèche huet hien matbruecht, fir de Kanner ze weisen, dass een och en Reptil als Hausdéier hale kann.

    D’Kanner waren begeeschtert! Si konnten mat him op engem klenge Spadséiergang goen, him beim Dësche kucken, a souguer selwer mat der Dusch hëllefen. Et war eng flott Geleeënheet fir ze léieren, wéi een esou en Déier gutt behandelt an wat et brauch fir sech wuel ze fillen.

    Dëse Besuch war net nëmmen spannend, mee och edukativ: d’Kanner hunn en neit Déier kennegeléiert an dobäi Respekt, Gedold an Opmierksamkeet geübt.


  • Wobrécken (Crèche)

    Natur Musée

    Mir hu Freed Iech matzedeelen, datt d’Ausfluch an de Musée national d’histoire naturelle am Gronn ganz gutt verlaf ass!

    D’Kanner ware ganz interesséiert, opmierksam a si hu vill Freed un dëser schéiner Entdeckung ronderëm d’Natur, d’Déieren an d’Wëssenschaft gehat.

    Si hu vill kënnen erliewen a léieren – zum Beispill d’Nimm vun e puer Déieren an hir Entwécklung op der Äerd, souwéi och verschidde Spezies entdecken, déi si nach ni virdru gesinn haten.

    Et war eng flott Aventure fir eis Kanner an och e schéine Moment fir d’Éducateuren, déi vill Freed dorunner haten, dës pädagogesch Aktivitéit ze begleeden an z’animéieren


  • Wobrécken (Crèche)

    Découverte des légumes au Geméisguart CIGL Esch

    Haut haten d’Kanner aus de Gruppe Raupen an Paiperlëcken vun der Crèche Wobrécken eng Moiesstonn voller Entdeckungen am Gemeisgaart vun der Gemeng Esch/Alzette, eng flott Aktivitéit organiséiert vum CIGL.

    Um Programm stoung: d’Entdeckung vun engem risege Geméisgaart, eng sensoriell Spadséiergank, d’Beobachtung vum Buedem an d’Planzen vu Mais an Bounen! D’Kanner hunn mat vill Freed a Virwëssenschaft hir Hänn an d’Aerd gestach.

    Zum Ofschloss vun dëser schéiner Erfarung hu si e leckere Mëllesiesse preparéiert, mat frëschem Kéis mat Schnëttlauch a Rondellen Rettich op knusperegem Brout, dat mir zesumme mat eelere Leit aus engem Fleegestopp gedeelt hunn.

    E grousse Merci un de CIGL Geméisgaart fir hiren häerzlechen Empfang, a Bravo un all eis kleng Gäertner!


Eischt Viregt Nächst Lescht