
Pedagogesch Ausfluch an de CIGL Geméisguart
03.09.2025Haut hunn d’Kanner mat vill Virwëtz nei Geméis a Blummen am Gaart entdeckt.
Si hunn un enger Schatzjuegd deelgeholl, wou si Salbei, Mangold a Kapuzinerkäppchen gesicht hunn an dës dono op eng Blat gekleeft hunn, fir eng Erënnerung ze behalen.
Si hunn och Kalendula-Samen gesammelt, fir se am Fréijoer ze säen, an hunn Thymian geplanz.
Zum Ofschloss vun dëser schéiner Aktivitéit huet all Kand e Gromperenzoppkuch mat Courgetten a Schockelasstécker geschmaacht, dee ganz gutt ukomm ass.
En Ausfluch voller Entdeckungen, Léieren a Genoss!
» Fotoen