
Eng flott pedagogesch Erliefnis op der Bauerenhaff zu Leideleng
18.07.2025Eis Kanner vun 2 bis 4 Joer haten virun kuerzem d’Geleeënheet, eng flott Ausfluch op d’Bauerenhaff zu Leideleng ze maachen. Et war eng spannend an erfüllend Erliefnis, wou si vill léif Déieren kennegeléiert hunn, Kaz, Kanéngercher, Meerschwäinchen, Hinnen, Schwäin, Kéi, Päerd a Geessen.
Nieft dem Déierekontakt konnten d’Kanner och frësch Loft genéissen an sech am grousse Gaart fräi beweegen, mat klengen Trakteren, Trottinetten a Spillsaachen. Dëst huet hinnen vill Freed gemaach an huet hir motoresch Entwécklung ënnerstëtzt.
E richtege Highlight war et, wou all Kand op engem richtige Trakter dierft sëtzen, mat grousse glänzegen Aen a voller Begeeschterung!
Et war eng räich an inspiréierend Erfahrung, wou d’Kanner d’Natur erliewe konnten an en neie Bléck op d’Déierewelt kruten. Enges wat hinnen sécher nach laang an Erënnerung bleift!
» Fotoen