
Pedagogesch Sortie op de Bauerenhaff zu Leideleng
18.09.2025D’Kanner vun eiser Crèche haten dës Woch d’Méiglechkeet, en erleefnisräichen Dag um Bauerenhaff zu Leideleng ze verbréngen.
Si hunn déi verschidden Déieren aus no gekuckt, se gefiddert a vill Spannendes iwwert d’Liewen um Bauerenhaff geléiert.
Duerch dës Aktivitéit konnten d’Kanner net nëmmen en direkten Kontakt mat der Natur an den Déieren erliewen, mee och hiren Entdeckungsgeescht a vill Freed deelen.
Et war eng flott Geleeënheet, d’Zesummeliewen an de Respekt fir d’Natur a fir d’Déieren ze fërderen.
» Fotoen