Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Pappendag an Inklusioun

03.10.2025

Fir d’Pappendag hu mir mat de Kanner vun 1 bis 2 Joer lecker Vanille-Kichelcher gebak. D’Kanner konnten d’Deeg mat den Hänn entdecken, mat Ausstecher Formen ausschneiden an d’Kichelcher gestalten. Mir hunn dobäi drop opgepasst, datt all Kand e perséinleche Message fir seng Famill opschreiwe konnt. Sou ass aus der Aktivitéit eng flott Geleeënheet ginn, Kreativitéit a Freed ze erliewen, mee och Diversitéit an Inklusioun am Grupp ze liewen. All Kand konnt houfreg säi klengen, symbolesche Kaddo mat Heem huelen an esou säin eegene Familljemoment feieren.






» Fotoen