Passer au contenu principal Passer au menu principal

Infos parents

Kalenner

Zum Kalenner

Actualités

  • Breedewee

    Fotoen vun der Woch vum 5 - 9 Juni

    Mär sin nees gudd an d'Woch gestart no der Päischtvakanz mat flotten Aktiviteiten.

    Um Programm stung Volleyballstraining, wou mär am Eifer ganz vergies hun Fotoen ze maachen. Mär hun eis eegen Tshirten gemolt fir den Turneier.

    Eisen Haff hun mär och erem mat Summerblummen verscheinert an am Lavals Park hun mär eis op der Waasserspillplaatz ofgekillt.


  • Breedewee
    Grand Rue

    Programme pour les vacances de pentecôte 2023

    Chers parents,

    Veuillez trouver ci-joint le programme pour les vacances de pentecôte à la Maison Relais Grand-Rue.

    Nous vous souhaitons de bonnes vacances.

    Cordialement,


  • Breedewee

    E puer Fotoen vun der Woch vum 24 -28 Abrëll

    D'Kanner hun des Woch flott Erfahrungen gesammelt :) :

    - zu Diddeleng am Parc Lei'h hun ma d'Natur entdeckt

    - mär hun geleiert Petanque ze spillen

    - beim Fitness am Lavals Park konnten mär eis gudd auspoweren

    - zesummen hun ma un eisem neien Scheld fir an den Haff gewerkelt

    - am Bausall hun mär mol nei Saachen ausprobeiert

    - eis Kreativiteit hun mär mat der Kraid enner Beweis gestallt an dei scheinsten Blummen aus Esch gemolt :)

    Lo freen mär eis schon op dei nächst Woch :)


  • Breedewee
    Grand Rue

    Reckbleck op dei zweet Woch vun der Ouschtervakanz

    Och dei zweet Woch stungen vill verschidden Aktivitieten um Programm. Hei e puer Fotoen vun deenen coolsten Aktiviteiten :)


  • Breedewee
    Grand Rue

    Eischt Woch Ouschtervakanz mat vill flotten Aktiviteiten

    Dei eischt Woch vun der Ouschtervakanz wuar fir keen langweileg. All Dag stungen flott Aktiviteiten mat vill Ofwiesselung um Programm :

    - zum Thema Ouschteren gouf gebastelt an gemolt, et goufen Eeer gefierwt an och eng Eeersich stung um Programm

    - d'Kanner hun d'Stroossen vun Esch e bessen propper gehaalen an beim Besuch am Recyclingzenter hun sie dei richteg Mülltrennung geleiert

    - zesummen gouf e Brunch prepareiert an jidereen konnt seng Kachkenscht enner Beweis stellen

    - am Kletterpark zu Diddeleng konnten sie Tarzan spillen :)

    - Fussball konnt souguer um groussen Terrain gespillt gin, wou sie och hannert d'Kulissen kucken konnten an nei Informatiounen gesammelt hun

    - zu Capellen hun sie eng nei Spillplaaz entdeckt an haaten vill Freed beim Fraispill

    - am Policemusée hun sie och vill nei Entdeckungen gemaach an konnten sech an d'Roll vum Polizist eran versetzen

    - Velo fueren

    - Geocaching zu Monnerech


Première Précédente Suivante Dernière