Infos parents
Kalenner
Zum KalennerActualités
- Breedewee
Escher Krëschtmoart
Mat grousser Freed waren mär op den Escher Krëschtmoart, wou mär e Chrëschtbeemchen rëschten konnten, deen eis vum Syndicat d'Initiative et de Tourisme gestallt gouf.
Schon am Virfeld haaten d'Kanner Dekoratioun fir de Beemchen gebastelt, mat der Erausfuerderung wiederbestänneg Saachen ze kreéieren.
Fir eis e bessen opzewiermen kruten mär e gudden warmen Schoki offréiert.
Beim Tuer iwert de Krëschtmoart hun mär de Wee laanscht laanscht d'Churrosbuud leider net gepackt :p mmmmmmhhhhhh waat wuaren déi lecker :) - Breedewee
De Kleeschen kënnt op Besuch
De Kleeschen wuar op Besuch komm, eng Freed fir Grouss an Kleng :) - Breedewee
Wëssensatelier am LTE
Mer sin mat den Kanner rem an den Wëssensatelier gaangen.
Des Kéier hun sie eng Hebebühn gebaut. Sie waren alleguer super konzentreiert an hun baal keng Hëllef gebraucht vir des Hebebühn alleng ze bauen.
All Respekt!! - Breedewee
Trëppeltour mam Snowy
Mer waren en ganzen Nomëtten eraus un dei gudd kaal frëch Loft an hun vill mat eisem Kolleeg Snowy gespillt.
Heen as souguer mat eis op een Baam geklootert!!
Duerno hun mer net ,,Tauziehen'' mee ,,Baamzéihen'' mat em gespillt. Leider war heen vill mei stark wei mer.
Mer hun eis sou gudd amüseiert dass mer traureg waren vir rem an Maison Relais zereck ze goen. - Breedewee
Projet Dschungel
Mir wëllen eisen Breedewee optësch verschéineren.
Dofir hun mir zesummen mat den Kanner diskuteiert an beschloss dass mer eise Sall an een Dschungel verwandelen.
No an no molen mir verschidden Biller un d'Mauer vir dass mir eis duerno fillen wei lauter kleng Äffecher.