Infos parents
Kalenner
28.05: Clôture Projet Vélo - Journée Challenges
02.06: Concours de Danse
04.06: Tournoi Beachvolley C2
09.06: Tournoi Beachvolley C3-4
11.06: Collaboration Parents - Vélo
Actualités
- Breedewee
LASEP
No enger langer zwangsbedingter Paus konnten maer endlech rem all zesummen an d'Lasep op Lalleng goen.
Net manner ewei 5 verschidden Atelier vun jeweils 20 Minuten gin vun den Trainern ugebuden.
D'Kanner konnten um Airtramp sprangen, hiren Gleichgewichtssenn traineiren, Basket, Fussball, Volleyball spillen, jo suguer un engem klengen Zirkus-Atelier deel huelen. Do konnten sie ennert aanerem leiren wei een en Teller op engem Bengel zum jongleieren brengt.
Des Aktiviteit wuar mat ganz vill Beweegung, Teamgeescht an virun allem vill Spaass verbonnen! - Breedewee
Science Center
E flotten Nomëtten konnten d'Kanner haut am Science Center verbrengen. Op de verschidden Statiounen konnten sie nei Erfaarungen sammelen an d'Wessenschaft erkunden. Den Interessi wuar ganz grouss an sie haaten vill ze erzielen wou sie erem komm sin :) - Breedewee
Frendschaftssteng - en Zeechen vun Fridden
Haut hun mär Frendschaftssteng bemolt an des a Form vum Peace-Zeechen zesummen geluet. Domat wellen d'Kanner en Zeechen vun Fridden, Solidaritéit an Frendschaft ausdrecken. D'Steng goufen dono ennerteneen verdeelt mat all Keiers engem leiwen Message. D'Kanner hun och Biller gemolt fir hieren Gefiller Ausdrock ze verleeden. - Breedewee
LASEP
Haut konnten d'Kanner d'LASEP ennert fräiem bloen Himmel erliewen. Bei guddem Wieder konnt de Sport dobaussen stattfannen an vun Basketball, Fussball bis Volleyball wuar alles dobai :) - Breedewee
E flotten Nomëtten am Deierpark um Gaalgebierg
Haut haaten ma e flotten Ausfluch an den Deierenpark um Gaalgebierg. Ganz faszineiert goufen d'Deieren beobachtet an e bessen Spill a Spaas op der Rutschbaan an am Tunnel hun och net gefeelt :)
