Infos parents
Kalenner
Zum KalennerActualités
- Breedewee
MERCI
E groussen MERCI un all eis Kanner an hier Familljen, dei eis beim Sammelen vun den Spenden fir eis ukrainesch Matbierger esou gudd ennerstetzt hun. Zesummen hun mär d'Spenden um point de collecte vun der Kulturfabrik ofgin. - Breedewee
LASEP
No enger langer zwangsbedingter Paus konnten maer endlech rem all zesummen an d'Lasep op Lalleng goen.
Net manner ewei 5 verschidden Atelier vun jeweils 20 Minuten gin vun den Trainern ugebuden.
D'Kanner konnten um Airtramp sprangen, hiren Gleichgewichtssenn traineiren, Basket, Fussball, Volleyball spillen, jo suguer un engem klengen Zirkus-Atelier deel huelen. Do konnten sie ennert aanerem leiren wei een en Teller op engem Bengel zum jongleieren brengt.
Des Aktiviteit wuar mat ganz vill Beweegung, Teamgeescht an virun allem vill Spaass verbonnen! - Breedewee
Science Center
E flotten Nomëtten konnten d'Kanner haut am Science Center verbrengen. Op de verschidden Statiounen konnten sie nei Erfaarungen sammelen an d'Wessenschaft erkunden. Den Interessi wuar ganz grouss an sie haaten vill ze erzielen wou sie erem komm sin :) - Breedewee
Frendschaftssteng - en Zeechen vun Fridden
Haut hun mär Frendschaftssteng bemolt an des a Form vum Peace-Zeechen zesummen geluet. Domat wellen d'Kanner en Zeechen vun Fridden, Solidaritéit an Frendschaft ausdrecken. D'Steng goufen dono ennerteneen verdeelt mat all Keiers engem leiwen Message. D'Kanner hun och Biller gemolt fir hieren Gefiller Ausdrock ze verleeden. - Breedewee
LASEP
Haut konnten d'Kanner d'LASEP ennert fräiem bloen Himmel erliewen. Bei guddem Wieder konnt de Sport dobaussen stattfannen an vun Basketball, Fussball bis Volleyball wuar alles dobai :)