Infos parents
Kalenner
Zum KalennerNeiegkeeten
- Breedewee
Familljendag 2021
Nodeems d'Kanner an der Summervakanz hier Torwand nei gestallt an ugestrach hun, hun mär um Escher Familljendag 2021 vun der Escher Gemeng deelgehol.
Mat eiser Torwand haaten mär ee scheinen Stand wou d'Kanner hiert Fussballtalent ennert Beweis stellen konnten.
E flotten Dag fir Grouss an Kleng :)
E groussen Merci geet och un d'Escher Gemeng, d'Jeunesse Esch an Lombardi Sports fir dei flott Gadjeten dei mär konnten un d'Kanner verdeelen. - Breedewee
Papillon HighlanderWaasserfall zu Mertert
Een vun eisen Daagesausflich waren mir op Mertert treppelen, en wonnerschéinen Treppeltour wou mir en flotten Pic-Nic bei engem Waasserfall gemaach hunn - Breedewee
Papillon HighlanderKlengen Abléck an Sportart BOXEN
Haut kreien Kanner aus dem Cycle 3 an 4 eng Initiatioun vun der Sportart Boxen vun engem jonken Escher Boxer gemaach. Vill Konzentratioun an Koordinatioun waren gefrot, d'Ausdauer huet och net dierfen feelen well dei ass och gefrot bei deser intensiver Sportart.
Merci dem Dwayne fir deen flotten moien, den Menu Surprise vun eisem Kach hun mir eis haut mei wei verdingt.
