Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

All News

Wantermaart 2018

18.12.2018
Galaxy


D'Maison Relais GALAXIE invitéiert iech häerzlecht op hire Wantermaart 2018

Dësen ass Dënschdes den 18ten Dezember vu 16:00-19:00 an der Maison Relais Galaxie.

Um Programm stinn e sëlleche Schneekegkeete wéi "Wonder Waffels", klassesch Wäffelcher, Popcorn, Kichelcher, Kuch, Cocktails, Punsch, Softgedrénks. En plus gëtt et allerlee ,vun de Kanner selwer gebastelt Dekoratiounsartikel, déi zum Verkaf stinn. Dëst bei passender, wanterlecher Musek an enger Galaxie-Equipe mat der beschter Chrëschtdagsstëmmung.

Den Erléis geet un d'ASBL vum Escher Kannerkrees

Mir freeën eis op äre Besuch den 18ten Dezember 2018.

TEAM MR GALAXIE

MIr stellen onseren Projet fier dest Joer fir : "Ech a mäin Land"

14.12.2018
Lallange


Well mir déi Chance hei zu Letzebuerg hunn, an et och immenz interssant fannen ennert villen verschiddenen Kulturen ze liewen, hunn mir ons geduecht desen méi no ze kommen.

Radio Babbel "CHAOS" SENDUNG op 87.6FM "Sendung 9 " 10.12.2018

10.12.2018
Bei de Fliedermais


Haut eng méi oder manner Chaotesch awer witzeg Sendung....lauschtert eran ;-)

Zweemol an der Woch während der Mëttegstonn hun puer Kanner Anaïs & Kevin eng Intern Radio Sendung "RADIO BABBEL" an der Maison Relais Fliedermais.

Während der Sendung bestëmmen d'Kanner weiéng Musek gespillt gëtt an Informéieren hier Kollegen iwwert Aktualitéiten/ Projet'e asw... an der Maison Relais.

D'Sendung gëtt LIVE aus eisem Eenzegaartegen Studio, iwwert all eis Radio'en an der Maison Relais op 87,6 FM ausgestraalt.

RADIO BABBEL op 87.6FM

"Den éischten Internen Maison Relais Radio zu Lëtzebuerg"

eisen wochenprogramm 10.12 - 14.12.2018

10.12.2018
Galaxy


Méinden:
16:00 - 18:00 « Mir bastelen fir eisen Wanterbazar » mam Ilenia (Atelier Créatif)

Dënschden:
14:00 - 16:00 LASEP Cycle 1 mam Ilenia + Lejla
14:00 - 16:00 « Mir gin fir eisen Wanterbazar heeschen » mam Ramka + Cathy (Atelier Sortie)
14:00 - 16:00 Fitness mam Alex (Atelier Freestyle)

Mëttwoch:
12:00 - 14:00 "Ech erzierlen dir eng Geschicht" mam Christiane (Aterlier Bicherwuerm)
16:00 - 18:00 Molconcours mam Thema « Kleeschen »  mam Veni (Atelier Creatif)

Donneschden:
14:00 - 16:00 "Mir baaken Kichelcher" mam Soraya (Atelier Taste)
14:00 - 16:00 « Mir bastelen fir eisen Wanterbazar » mam Ilenia (Atelier Créatif)
14:00 - 16:00 « Mir bitzen fir eisen Wanterbazar » mam Sandra (Atelier Créatif)

Freiden:
12:00 - 14:00 "Just Dance - Komm an danz mat" mam Soraya + Lejla (Atelier Freestyle)
14:00 - 16:00 "Film als Oofschloss vun der Woch" (Atelier Freestyle)

Besuch vum Ehrenmann an der MR Galaxie

04.12.2018
Galaxy


Besuch vum Ehrenmann dem Kleesche (04.12.2018)

Voller Virfreed hunn mir haut op sie gewaart.
De Sall war gutt gefëllt an d‘Kanner konnten et kaum erwaarden.
Kuerz no 16:00 war et dunn endlech souwäit ! Se waren do !
De Kleeschen an den Houseker hunn de Wee an d‘Maison Relais Galaxie fonnt.
Se sinn net mat eidelen Hänn komm , mais haten och nach leckere Schockela, Kamellen an Nëss fir all d‘Kanner dobäi.
Rutte sinn et natierlech och ginn.
Awer dovu schwätze mir mol léiwer net a mir genéissen eise gudde Schockela.

Radio Babbel SENDUNG op 87.6FM "Sendung 7 " 3.12.2018

03.12.2018
Bei de Fliedermais


Zweemol an der Woch während der Mëttegstonn hun puer Kanner Anaïs & Kevin eng Intern Radio Sendung "RADIO BABBEL" an der Maison Relais Fliedermais.

Während der Sendung bestëmmen d'Kanner weiéng Musek gespillt gëtt an Informéieren hier Kollegen iwwert Aktualitéiten/ Projet'e asw... an der Maison Relais.

D'Sendung gëtt LIVE aus eisem Eenzegaartegen Studio, iwwert all eis Radio'en an der Maison Relais op 87,6 FM ausgestraalt.

RADIO BABBEL op 87.6FM

"Den éischten Internen Maison Relais Radio zu Lëtzebuerg"

Advent... Advent....

29.11.2018
Bei de Fliedermais


Och dës Joer hunn mir an eisem Wanter Atelier den Elteren Méiglechkeet ginn sech bei ons en Adventskranz ze bestellen, dëst huet en groussen Succès mat sech bruecht.

Mir soen eisen Elteren e groussen Merci vir déi flott Ënnerstëtzung.

 

Produkt Fotografie ass an eegen Regie entstanen an eisem Studio vun eisem Kreativen Studio Team.

Radio Babbel "SPEZIAL Madame Lutz" SENDUNG op 87.6FM "Sendung 7 " 28.11.2018

28.11.2018
Bei de Fliedermais


Haut zu Gaascht d'Madame Lutz Nicole & den Herr Zimmer Laurent, a wisou mir eng Spezial Sendung aberuf hunn .....lauschtert eran ;)

Vill Spass an nachengkeier der Madame Lutz alles guddes gewënscht.

Impressiounen op Toun, Foto a Video...



Zweemol an der Woch während der Mëttegstonn hun puer Kanner Anaïs & Kevin eng Intern Radio Sendung "RADIO BABBEL" an der Maison Relais Fliedermais.

Während der Sendung bestëmmen d'Kanner weiéng Musek gespillt gëtt an Informéieren hier Kollegen iwwert Aktualitéiten/ Projet'e asw... an der Maison Relais.

D'Sendung gëtt LIVE aus eisem Eenzegaartegen Studio, iwwert all eis Radio'en an der Maison Relais op 87,6 FM ausgestraalt.

RADIO BABBEL op 87.6FM

"Den éischten Internen Maison Relais Radio zu Lëtzebuerg"

De Radio Babbel suergt vir gudd LAUN "heemlech gefilmt" -> VIDEO

28.11.2018
Bei de Fliedermais


Den Radio Babbel suergt vir richteg gudd Laun,
dësse Video hunn mir vun enger Nolauschterin erangeschéckt kritt wei d'Vera aus der Maison Relais an d'Sendung ugeruff huet an sech e Lidd gewënscht huet.

Et ass heemlech dobäi gefilmt ginn =) kukt Ierch de Video un ab Minute 1min 27sek leeft de Video...

Video matt Live Ausschnëtt vun der Sendung vum 23.11.2018

WANTERBAZAR@NOWI 2018

26.11.2018
Nonnewisen


Léif Elteren,
de Méindeg, 17. Dezember invitéieren mär Iech op eise Wanterbazar ab 16h00 an eiser Maison relais.
Mär fréen eis op Äre Besuch!
Eischt Viregt Nächst Lescht