Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

All News

NOWI@the final filmset

22.06.2021
Nonnewisen


Haut haaten Kanner vun de Nonnewisen hire leschten Dréihdag am Escher Jugendhaus vum Film "Erziel eis déng Geschicht"
Mat vollem Elan hu sie hire selwer verfaassten Szenario emgesat.
Kameraféierung haut: de Christophe.
No der Arbecht hun Kanner sech nach Paangecher gemat.
E gelongenen Filmnomëtteg geet esou zu Enn; zefridden a frouh nees zeréck op d'Nonnewisen.
E grousse Merci un d'Escher Jugendhaus fir deen härzléchen Accueil!
RDV fir de färdege Film Enn 2021/Ufank 2022. Gedold!

ACTION, ÇA TOURNE! @NOWI

17.06.2021
Nonnewisen


Haut hun Kanner hir Generalprouw vun hirem klenge Film gehaat bevir next Woch den definive Tournage vun "Erziel eis déng Geschicht" stattfënnt.
Aus dem Escher Jugendhaus dobai:
de Marc
Aus dem SEA NOWI: d'Mina an d'Cynthia
Pics & films by Sandy

Wasserschlacht....

17.06.2021
Papillon


...ween dreschen bleift, huet verluer.

Centre Formida @ Breedewee

10.06.2021
Breedewee


Haut hun mär un engem flotten Atelier am Centre Formida deel gehol, wou mär gewisen kruten wei een Fotoen ouni eng Kamera maachen kann. Mär hun vill baigeleiert an wuaren ganz erstaunt iwert eis flott Biller!

NOWI @RALLY TRAIL ESCH - ELLERGRONN

10.06.2021
Nonnewisen


Mär haaten ganz vill Freed um Rally Trail.
Eng gudd 7km hu mer gepackt mat vill Spill a Spaass.
De Pic Nic wuar exzellent e Merci un eis Käch an e grousse Merci un den Escher Service des sports!

Mammendag...

10.06.2021
Papillon


...en klengen Kado

Ritterspiller um Gaalgebierg

08.06.2021
Breedewee


Inspireiert vum Draach op der Spillplaaz hun d'Kanner sech eng flott Geschicht iwerluet an hun flaisseg un hieren Ritterbuergen gebaut. Dobäi koumen richteg  spannent Geschichten eraus.

mir maan en Terrarium

03.06.2021
Papillon


En klengt Terrarium selwer machen...
...ganz einfach aus verschiedenen Naturmaterialien wei Steng, klengen Planzen an Buerdem.

Richteg ugeluet, kann een esou sein eegen klengt Oekosystem am Glas erschaaffen.

Parc merveilleux @Origer

02.06.2021
Crèche Personnel


No laanger laanger "Coronapaus" wor et ons lo endtelleg mol erem meigeleg en Ausflug ze maan an do hun mier och net laang gezeckt an sin mat 2 Féiss drop gesprongen. Waat gett et mei flottes ewei sou en Ausflug mat den Kollegen an engem super flotten Kader ewei dem Beetebuerger Park, deen dann och nach grad an eisen aktuellen Projet passt. Hei konten mier All einfach mol vun deier aktueller situatioun lassloossen an einfach nemmen ganz onbeschweiert als Kanner, als Educateuren, als Grupp zesummen Spaas hun. Mier hun Déieren gesin dei mier schon kennen, an aanerer dei mier konten entdecken. sou en Alpaka , Papagei oder en Aff ass eppes waat een net onbedingt am Alldaag begeint an soumaddden vill Andréck hannerleist an dozou kennt dann nach datt een verschiddener vun den Déieren kont upaacken waat dann och eng ganz nei erfahrung ass. sou en Pony ass schon ganz schéin "Fluffy", an waat daat un den Hänn kribbelt wann mier daat heemelen dierfen oder et ons Hand oofschleckt. zweschenduerch hun mier dann emmer mol erem Profitéiert fier eng kleng Paus ze maan an op deenen verschiddenen Spillplaatzen ze toben. Mier konten mat all onsen Sënner erlierwen an erfuerschen an Grouss an Kleng haaten einfach nemmen Spaas zesummen.

Eischt Viregt Nächst Lescht