Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Restaurant - Pedagogesch Kichen


De Restaurant ass e gemittleche Raum, wou d’Kanner mëttes iessen an och den Goûter kréien. De Buffet ass op Kannerhéicht opgebaut, fir d’Autonomie ze fuerderen an den Kanner erméiglechen sech selwer ze zervéieren an Choixen ze treffen. D’Cuisine Pédagogique erlaabt och kulinaresch Aktivitéiten ze proposéieren bei denen d’Kanner Liewensmëttel kenneléieren, un der Virbereedung vu Rezepter deelhuelen an an engem spillereschen a léierräichen Kader hier praktesch Fähegkeeten entwécklen.