Gank & Eltereneck
De Gank
Den Gank ass eng grouss Plaz voller Faarwen déi och als Funktiounsraum ugesi gëtt.
Den Gank empfänkt all Dag bis zu 100 Kanner. Hei hunn d'Kanner och d'Méiglechkeet, hier Jacketten a Schoulsäck ob hirer individueller Plaz opzehänken.
Och en Tirang fir d'Schong, respektiv fir d'Schlappen steet all Kand individuell zur Verfügung.
Am Gank sinn och op Kannerhéicht all d'Aktivitéiten, déi an der Woch stattfannen, wou d’Kanner sech kënnen aschreiwen.
Mir hunn och eng "Sprechende Wand", dëst ass eng Mauer déi gewidmet ass fir rezent Fotoen an/oder Aktivitéiten, déi intern statt fonnt hunn ze visualiséieren. Eng Mauer déi duerch Kannerwierker schwätzt.
Den Eltereneck
Eis Struktur huet een kléngen Eck fir d'Elteren, deen sech bei der Entrée vun eiser Maison Relais befënnt.
Wann d'Elteren hir Kanner wëllen an der Entrée ofginn oder einfach eng kuerz Paus maachen wëllen, stinn hinnen zwee gemittlech a komfortabel Sesselen zur Verfügung, Zesummen mat Broschüren, Waasser, Pabeiernuesschnappecher an all noutwendegen Informatiounen iwwert eis Organisatioun, wei och den Plang vun den Aktivitéiten an enger Foto déi d'Equipe fir stellt. Ënnert anerem hänkt do och de Plang mam Menü vun der Woch.
Fir all Fro oder Onsécherheet ass de Büro vun der Responsabel direkt niewendrun.