Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Rollenspillraum

D'Kanner rutschen gären an aner Rollen, spillen d'Liewen vun den Erwuessenen no an erliewen fantastesch Aventuren innerhalb vun Fantasiewelten, an deenen se hir Gefiller fräi ausliewen kënnen. Dës villsäiteg an Entwécklungsförderend Aart vu Spill gëtt Rollespill genannt. Et ass e Spill an deem d'Kanner eng Roll iwwerhuelen oder eng Situatioun mat enger Figuer nospillen. Dës Situatiounen sinn fantasievoll Adaptatiounen vun erlieften Situatiounen oder Observatiounen. Alldeeglech Objete kënnen nei Bedeitungen a Funktiounen unhuelen. Onofhängeg vun der Plaz oder dem Thema, Rollespiller kënnen zu all Moment mat oder euni Requisiten a Spillsaachen duerchgeféiert ginn. Ob dobannen oder dobaussen - de Kanner hir Fantasie huet keng Grenzen. Och wann net onbedingt dat richtegt Material zur Verfügung steet, passend Spillsaachen oder Spillmiwwel bidden natierlech verschidden Impulser fir eng Spilliddee ze kreéieren.