Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Kreativitéitsraum

De kreative Raum ass eng lieweg Plaz, déi d'Fantasie vun de Kanner stimuléiert an e spilleresche Léierraum bitt. Op de Regaler fanne Kanner eng Vielfalt vu Bastelsaachen a wiederverwendbar Materialien fir se ze inspiréieren nei Saachen ze kreéieren. An der Mëtt vum Zëmmer gëtt et e groussen Dësch, dee genuch Plaz bitt fir zesummen ze molen, ze bastelen an ze designen. De Raum strahlt eng waarm an invitéierend Atmosphär aus, déi d'Kanner encouragéiert hir Kreativitéit ze entfalen an hir eege Welt ze kreéieren. Hei kënne si experimentéieren, dreemen a kreativ sinn, während se hir individuell Talenter entdecken an entwéckelen. Dëse Sall ass mat all Handwierksmaterial équipéiert, och natirlech a recycléierten Materialien, déi de Kanner fräi zur Verfügung stinn.