
Nationalfeierdag an eiser Crèche
20.06.2025Fir Nationalfeierdag hu mir zesumme mat eisen Kanner eng flott a lecker Aktivitéit organiséiert!
D’Kanner vun 2 Joer hunn hëllefsbereet d’Deeg geknéit an Sabléen an der Form vum Grand-Duché ausgestach. D’Kanner vun 4 Joer hunn duerno mat vill Freed a Kreativitéit d’Kichelcher mat engem dräifaarwege Glace (rout, wäiss a blo) dekoréiert – natierlech a Respekt vun de Faarwe vun eisem lëtzebuergesche Fändel!
Dës Aktivitéit war eng super Geleeënheet fir d’Kanner sech kreativ auszeliewen, zesummen ze schaffen an dobäi eppes iwwert eis Kultur a Fester ze léieren.
Mir si ganz houfreg op eis Kanner a freeën eis dës Momenter mat Iech ze deelen! ❤️
» Fotoen