
Fuesparty an der Maison Relais!
16.01.2026Léif Elteren,
d’Maison Relais huet d’Freed Iech matzedeelen, datt eng Fuesparty an der Virbereedung ass!
Datum: 13.02.2026
Plaz: Maison Relais bei de Fliedermais
D’Kanner an hir Eltere si ganz häerzlech invitéiert, dëse flotte Moment zesumme mat eis ze verbréngen.
Um Programm stinn: Musek, Spiller, vill Laachen an eng ganz flott Stëmmung.
Verkleedunge si natierlech ganz wëllkomm, ëm sou méi faarweg, ëm sou besser!
Fir lecker Snacks a Gedrénks fir Kleng a Grouss ass gesuergt.
Weider Informatioune follegen an de kommende Deeg.
Mat frëndleche Gréiss,
D’Ekipp vun der Maison Relais bei de Fliedermais
» Fotoen
