Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Précoce Maison Relais

26.06.2026

Léif Elteren,

Dëse Woch war et wéinst der Hëtztwell ganz waarm. Dowéinst hu mir decidéiert, des Woch an der Maison Relais ze bleiwen, well et dobannen ebessen méi kill a méi agreabel fir d’Kanner war.

Mir hunn déi Geleeënheet genotzt, fir zesummen e flotte Minions-Film unzekucken. Am Raum „Architektis“ konnten d’Kanner kreativ spillen a bauen. Am Raum „Olympia“ haten si d’Méiglechkeet, sech sportlech auszetoben, wat si sech och dacks gewënscht haten.

Trotz de waarmen Temperaturen haten d’Kanner eng flott Woch mat vill Spaass, Beweegung a gemeinsame Momenter.






» Fotoen