
Op Besuch beim Jugendorchester Esch
17.07.2026Musekstage
Am Kader vun eiser Kannerzeitung si mir op Besuch beim HME Jugendorchester gaangen. Do hu mir d’Welt vun der Musek entdeckt an eng ganz Rei Instrumenter kennegeléiert.
All 30 Minutten konnte mir en anert Instrument ausprobéieren. Dat huet eis vill Spaass gemaach!
Mir hunn ënner anerem d’Saxophon entdeckt. D’Saxophon gehéiert zu de Blosinstrumenter a gëtt mat engem klengen Holzblat (Reed) um Mondstéck gespillt. Et kann héich oder déif Téin spillen a gëtt dacks am Orchester, an enger Harmonie oder och am Jazz benotzt.
Mir hunn och d’Trompett kennegeléiert. Si ass aus Metall a gehéiert och zu de Blosinstrumenter. Mat hirem kloren a staarke Klang iwwerhëlt si dacks d’Melodie an engem Orchester.
Nieft dësen Instrumenter hu mir geléiert, datt et an engem Harmonieorchester nach vill aner Instrumenter gëtt, wéi zum Beispill d’Klarinett, d’Flütt, den Euphonium, d’Posaun, den Horn oder och Perkussiounsinstrumenter wéi d’Trommelen an d’Xylophon. All Instrument huet seng eege Roll, an eréischt zesumme klénge si wéi eng richteg Musek.
D’Museker hunn eis erkläert, datt ee vill Konzentratioun, Gedold, Ausdauer a Motivatioun brauch, fir en Instrument ze léieren. Mat vill Übung gëtt een awer ëmmer besser.
Zum Schluss hu mir nach e klengen Interview gefouert an all eis Froen gestallt. Et war eng spannend Erfarung, a vläicht huet dës Visitt bei deem engen oder aneren d’Loscht erwächt, selwer en Instrument ze léieren an enges Daags an engem Orchester matzespillen.
Mir soen dem HME Jugendorchester e grousse Merci fir de flotten Accueil an déi interessant Aféierung an d’Welt vun der Musek!
» Fotoen
