Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Mammendaag

20.06.2021

Als éicht hunn mir iwert aisen Mammendaagscadeau geschwaat. Ech hunn dën Kanner erkläert, wat d'Bedeitung vun Mammendaag ass, dass mir der Mama en schéinen Cadeau maachen fir hieren Daag.

Déi éicht Etapp war, dass mir dën Haaptcadeau gebastelt hunn. Dëst Joer hunn mir ais geduet, dass mir der Mama en schéint Schietesch gestalten. Also lass! Ais speziell Texttilfaarwen mat Glitzer äus dem Schaaf geholl, an schon ass et lass gaangen.

All Kand kruut säin eegent Schietesch fir d'Mama. Ech hunn d'Kanner gefroot, an sie hunn mir hierer Mamm hier Lieblingsfaarwen gesoot. Dorobber baséiert, hunn sie dunn mat dën Hänn an mam Pinsel d'Schietesch no hierem Goût gemolt. Wou alles drëschen war, hunn ech d'Schietescher mat heem geholl fir eemol ze strecken, fir d'Faarw ze fixéieren.

Aisen zweeten Deel vum Cadeau war dann eng flott Kaart. Fir déi ze bastelen, hunn mir een Blaat geholl, dat ech dann ë puer mool gefaalt hunn. Bannen hunn mir een Männchen gemoolt oder och en Häerz, wou d'Kand soll duerstellen. Bäußen ass dën Oofdrock vun hieren Hänn dropkomm. Wann een d'Kaart dann opmëcht, gesäit et äus wéi wann den Männchen d'Äerm ganz grouß opmëcht an weist, wéi frou en mat der Mama ass. Deemno wéieng Sprooch d'Kanner doheem mat der Mama schwätzen, hunn mir bannen an d'Kaart geschriwen, Mama ech hunn dech esou gäer (polnesch, franséich, portugiesesch, lëtzebuergësch).

Zum Schluss hunn mir dunn nach eng schéin Verpackung gebräucht fir aisen Cadeau. Also hunn mir en groußt Blaat geholl an mat engem Stempelschwamm an Faarw aisen Cadeauspabeier personnaliséiert.

Zu gudder läscht dann nach eng flott Gruppenfoto zësummen am Park, an dann hunn mir dën Cadeau prett agepaack.

Awer psssscht! näicht der Mama soen, bis zu hierem groußen Daag.

Schéinen Mammendaag!





» Fotoen