Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Ausfluuch Beetebuerger Parc (Summervakanz)

10.08.2018

De Freiden 10. August 2018 sinn d'Kanner vun de Groupe Robin Hood a Peter Pan an de Beetebuerger Parc gangen.
Mer si moies um 9:30 mat eiser Camionette zu Esch fortgefuer a soubal wéi mer am Parc waren, hu mer déi éischt Déiren an hire Käfeger bewonnert an iwwert se geschwaat. Et huet och nët lang gedauert bis mer déi éischt Poarhinn (déi jo fräilaafen) gesinn hunn, vun deenen d'Kanner och faszinéiert waren.
Soubal wéi d'Spill vun der Pärdscourse op war, sinn d'Kanner op dee flotte Manège gangen fir dono en traditionnelt Ausstellungsstéck, d'Villerchershochzäit, ze besiichen. Do hu mer eis onst Frühstück, ee leckere Croissant, gutt schmaache gelooss. Dës einfach Animatioun huet natirlech all enzelt Kand misse umaën, wel se d'Melodie an dat ganzt Spill einfach esou schéin fonnt hunn an de Schalter ganz aluedend op hirer Héicht ass.
Nodeems mer fir Fotoën op der Gorillastatue poséiert hunn, krutten d'Kanner als kléngen Extra e puer séisser Dukaten beim Goldiesel fir ze schnécken.
Weider op eiser Entdeckungstour duerften déi die wollten och en Tour mam Zichelchen ronderëm de Flamingoweiher dréinen.
Endlech konnte mer an d'Mahajanga-Haus, wou mer eng ganz flott Kuliss erliewt hunn mat den Déiren déi an dëser Regioun am Madagaskar, no déier d'Haus benannt ass, heemesch sinn. Zumols d'Maki'en an d'Aaffen hatten ët de Kanner uegdoën an mer hu se wéi lang beobacht. Mer hatten suguer d'Chance d'Fidderung vun de Primaten ze gesinn, wat natirlech fir eis Butzen interessant war.
Dono hu mer eis a Richtung Bëschdeel gema an hunn de Kanner e puer Minute ginn fir sëch op der Spillplatz aus ze toben. Nodeems se sëch e bëssen défouléiert hunn, si mer an de Bësch gangen wou mer na vill aner exotesch souwéi heemesch Déiren bewonnere konnten.
D'Mëttegiessen, eise leckere Picknick dee mer ons agepackt hunn, hu mer eis an engem vun den iwwerdaachten Picknicksdëscher am Bëschdeel gutt schmaache gelooss a krutte suguer Besuch vun enger Gees déi aus dem Streichelzoo ausgebéckst ass.
Nom Iessen hu mer eisen Tour weidergefouert a sinn an d'Amazonia-Haus gangen, wou mer och rëm vill ze entdecken an léiren hatten. Als Ofschloss si mer wéi verspraach an de Bëschdeel gangen fir de Goûter a fir do na op Spillplatz ze goën.
Alles an allem hatt mer ee richtege flotten Daag.