Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Wier dech richteg!

12.10.2021

Start am Papillon mam neien Projet "Wier dech richteg"

Emmer mei Kanner weisen emmer mei oft dei Tendenz op, sech bei Streit mat Aaneren net nemmen mat den Wierder ze vergreifen, mais och Hänn an Feiss ginn emmer mei geholl fir sech ze wieren. 
Wieren heescht awer och, waat machen ech, wann ech dobaussen an der richteger Welt mol an eng delikat Situatioun kommen? Oder waat maan ech wann ech iwwert an op engem sozialen Medium attackeiert ginn? "Wieren" beinhalt en groussen Volet, an mir wellen probeieren eisen Kanner eng Helefstellung mat op den Wee ze ginn.

Fir eisen Kanner aus dem Papillon opzeweisen dat een Streidereien, Konflikter an Handgreiflechkeeten aanescht kann regelen, fenkt den Papillon ab deser Woch mat engem neien Projet un, welchen sech duerch all Sall, all Cycle an all Alter strecken waert. 

All Cycle hellt Woch fir Woch 1 Thema ennert Lup, daat sech ronderem "d'Wieren" dreint an verschafft dest, no deenen individuellen Bedürfnisser vun sengem Grupp.

Heibei sollen net nemmen net nei Weer bzw Leisungen fir Konfilkter ugestrieft ginn, mais all Kand soll sein Besoin seng Idee mat eran an den Projet brengen. Vun theoretescher Opklärung iwwert praktesch Handlungen wei Rollenspiller, Atelieren an Work Shops mat externen Fachleit, waerten mir den Kanner eng spannend, interessant an helefreich Zait an Erfahrung bidden.