Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Mam Krav Maga op Entdeckungsrees

09.01.2018

Mir haten eng flott an spannend Aktivitéit mam Krav Maga um Programm stoen.

Den 9. Januar hunn mir zu Lalleng am "Aerodrom" zwee Leit vum Krav Maga fir eng aussergewéihnlech Aktivitéit ausserhalb vun eisem Haus getraff.
De Krav Maga ass bekannt dofir, de Leit Méiglechkeeten zur Entspaanung, mee och zur Selbstverteidegung an allgemenger Fitness ze bidden.
Op der Plaz selwer gouf eis den Oflaf vun der Aktivitéit bëssen erklärt: mir hunn zwou Gruppen gebild, eng mat de Kanner vum C2 an C3, an déi aner mat Kanner ausschliesslech vum C4.
Eng vun desen Aktivitéiten wor eng fiktiv Reess an den Nepal. Hei kruten d'Kanner en kuerzen Abléck an d'Kultur vun den Nepalesen, si konnte Biller bestaunen, op welchen d'Liewen vun den Awunner gewise gouf. Zousätzlech haten d'Kanner d'Méiglechkeet, op engem Globus d'Land ze sichen, mee och d'Fräiheet ze erklären, wéi si sech d'Liewen dohannen soss nach virstellen. D'Kanner woren all immens bei der Saach, absolut konzentréiert an fokusséiert.  An der zweeter Haleschent vun der Aktivitéit gouf de Kanner dunn d'Kraaft an Wirkung vun den Klangschosselen um eegene Kierper nobruecht. Fir si wor dëst eng ganz nei an spannnend Erfahrung welch hinnen net nëmmen immense Spaass bereed huet, mee si och entspaant an relaxéiert huet. D'Kombinatioun aus Léieren, entdecken an der praktescher Erfahrung hat hei en ganz positiven Impakt op d'Kanner... och op eis Educateuren.

Gläichzäiteg gouf am Raum niewendrun de genaue Contraire ugebueden: hei ass et em Schnellegkeet, Reflexer an Disziplin gaangen. Goufen d'Kanner bei der Aktivitéit virdrun entspaant, sou hunn se sech hei quasi ausgetobt, si goufen richteg "gedrillt". Si kruten Tricker gewisen wéi si sech fit halen kënnen, mee och, wéi si sech bei eventuellen Ugrëffer kënne verteidegen.

Generell woren souwuel d'Kanner wéi och d'Educateuren immens positiv vun den Servicer vum Krav Maga iwwerzeegt. Di zweestënneg Aktivitéit huet all Mensch Spaass gemaach an mir sinn eis secher, dass mir eise Kanner sou eng Aktivitéit secher nach eemol ubidden.


» Fotoen