
Abenteuer am Ellergronn Bësch
26.11.2024Haut hunn d’Kanner vun der Crèche sech op en Abenteuer am Ellergronn Bësch gemaach. Trotz dem reenesche Wieder hu si sech gutt gefreet a konnten d’Natur a voller Liewegkeet erliewen. Mat passenden Kleeder a grousser Virwëtzegkeet hunn si d’Ëmgéigend entdeckt, Spiller gespillt a villes iwwert d’Déieren an d’Planzen am Bësch geléiert. Den Erliefnesdag huet bewisen, dass och Wieder mat Reen kee Hindernis fir Spaass a Léieren an der Natur ass.
» Fotoen