Antistressball...
27.05.2021En spontanen Antistressball, deen um Enn...
...awer bessen Stress brengt xD
Ei wei schein ass et dach en bessen ze puddelen...och deenen Groussen meet daat Spass an Freed.
An sou wuar d'Idee schnell fonnt, dem alldeeglechen Stress ze entgoen an en klengen Stressball ze bastelen. Well den Wee, d'Ziel ass, an Knaschtereien machen och mol lusteg kann sin...
Waat mir brauchen:
- Loftballon
- eidel Plastiksfläsch
-Triichter
- Miehl (oder Maizena)
Ooflaaf:
Man nehme 1 Kand, an desem get een 1 eidel Fläsch an den Optrag des mat Miehl ze fellen (Schepp an Biischt parat stellen...oder en Stepssuckler). Ass d'Fläsch gefellt, get en Loftballon opgeblosen an dezent mat Gefill un den Hals vun der Fläsch unbruet...mir dreinen Fläsch op den Kapp an forceieren mat Leift an Talent, d'Miehl an den Loftballon. Ass eis genuch Miehl am Loftballon, huelen mir den Ballon LUES vun der Fläsch. Unmierkung: sollt een nierwend sech en Matmensch stoen hun, den een manner gudd leiden kann, oder deem een eng spillen well, dann dierf een den Ballon och gären seier vun der Fläsch huelen, öffnung vum Ballon Richtung Matmensch haalen an deen mol gudd mat Miehl bestäuben (kann zu Streit oder Handgreiflechkeeten feieren, just saying).
Dono dei leschten Loft aus dem Ballon keddelen (koennt keen Miehl mei eraus, ass (baal) keng Loft mei dran) an mat engem Knuet zoumaan.
Voila den Stressbal ass faerdeg.
Unwendungszweck:
Den Ball gaeren duerchkniwwlen bei opkommender Nervositeit.
Den Ball NET Full Speed op Kameroden scheissen, NET op den Buedem knuppen, NET op der Meedercherstoilette zum Platzen brengen (an eis Responsabel fir Toilettenhygiene zum Kachen brengen) an w.e.g. NIE virun enger Morgue zum Platzen brengen, dat een mengt d'Miehl vum Ballon wier d'äschen vun engem Verstuerwenen.
Egal, d'Kanner haate Freed.
Vill Spass XD
» Fotoen