
Sensibiliséierung fir Trisomie 21
21.03.2025Haut hunn d’Kanner u verschiddenen Aktivitéite deelgeholl, fir Trisomie 21 besser ze verstoen an d’Wichtegkeet vun der Inklusioun ze erkennen.
Si hunn lecker Petit-Beurre-Schockelaskichelcher an der Form vu Chromosome gemaach, fir dës genetesch Besonneschheet ze symboliséieren. Fir ze erliewen, mat wéi enge Erausfuerderungen e puer Kanner am Alldag konfrontéiert sinn, hu si un enger sportlecher Aktivitéit deelgeholl, wou si mat engem drëtte Schong um Fouss gelaf sinn – eng spilleresch Aart a Weis, fir ze weisen, datt gewësse Saachen fir e puer Leit méi schwéier sinn.
Zum Schluss hunn si pedagogesch Geschichtë gelauschtert, déi d’Thema Differenz an Inklusioun op eng verständlech Manéier vermëttelen. D’Zil war ze verstoen, datt mir all eenzegaarteg sinn an datt et wichteg ass, eis uneneen unzepassen an zesummen an engem Geescht vu Matgefill an Zesummenhalt ze schaffen.
Eng flott a léierräich Journée am Zeeche vum Respekt a Solidaritéit !
» Fotoen