Léif Elteren, léif Kanner
07.01.2020Léif Elteren, léif Kanner,
Op dësem Wee wëllen mir iech eisen Projet «Ëmwelt» virstellen.
Ween, wann net eis Kanner, sinn d’Zukunft vun eisem Planéit ?
Eisen Workshop «Engagéier dech fir d’Ëmwelt, si braucht DECH !» thematiséiert déi 17 Nohaltegkeetsziler déi vun der UNO festgeluecht goufen an bis d’Joer 2030 sollen erreecht gin. Dofir gesinn mir et als Maison Relais als eis Aufgab d’Kanner drop virzebereeden eng Nohalteg Aart a Weis ze entwéckelen, soudass mir nach all laang eppes vun eiser Welt hunn.
Eist Ziel ass et den Kanner d’Problematik zweschen eiser Konsumgesellschaft, der Ongerechtegkeet an eiser Ëmwelt méi no ze bréngen an se präventiv fir Nohaltegkeet ze sensibiliséieren. Aus dësem Grond komm dier mat and’Spill. Ween, wann net d’Elteren, d’Schoulpersonal, d’Educateuren, etc. sinn Fierbilder fierd’Kanner ? Mier géingen et also begréissen, wann och dier als Elteren iech engagéieren gengt bei eisem Projet mat ze maachen. Wei genau dier dat maachen kennt, gitt dier an engem Elterenowend gewuer.
Den Projet wäert iwwer méi Joren lafen an och an Kollaboratiounen mat aner Institutiounen statt fannen. (aner M.R., Superdreckskëscht, etc.) Aktuell Themen wäerten ugeschwat gin wei den Plastik an den Mierer, d’Ofholzung vum Amazonas, Gläichberechtegung tescht den Geschlechter, Klimawandel, etc..)
Mier bieden iech am Moment och nach em äert Verstees de mech wat den Planning an den Oflaf vum Projet ubelaangt. Mier sinn an enger Testphase déi nach bis Januar wäert daueren. Dëst hunn mir sou decidéiert, fir ze kucken, wei d’Kanner op d’ Thematik reagéieren an wei mir hinnen et sou flott wéi méiglech kennen gestalten. D’Matgestaltung and’Matbestëmmung vun den Kanner ass eis extrem wichteg.
Wann dier iech iwwert déi 17 Zieler, déi thematiséiert wäerten gin, wëllt informéieren kennt dier dat man um Internetsite :
https://webshop.inkota.de/file/1717/download?token=3g47dNeu
( Eng flott Aart a Weis den Kanner ze erklären em wat et geet J )
Mat frëndlechen Gréiss Adriano an Anne