
Fuesparty!
01.02.2026Léif Elteren,
Mir hu Grouss Freed, Iech an Är Kanner op eis Fuesparty an der Maison Relais anzelueden!
Datum: 13.02.2026
Zäit: 16:00 - 18:00
Plaz: Maison Relais bei de Fliedermais
D’Kanner an hir Elteren sinn häerzlech invitéiert, dëse gemittlechen Moment mat eis ze deelen.
Um Programm steet: Musek a Danzen, flott Spiller a Aktivitéiten ronderëm d’Thema Karnaval, vill Laachen a Spaass!
Verkleedunge si natierlech ganz wëllkomm, ëm sou méi faarweg, ëm sou besser!
Fir lecker Snacks a Gedrénks fir Kleng a Grouss ass gesuergt.
Wann Dir Froen hutt, zéckt net eis ze kontaktéieren.
Mir freeën eis, zesummen mat Iech ze feieren!
D’Equipe vun der Maison Relais bei de Fliedermais
» Fotoen
