Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Ënsber - Summer 2026

28.08.2026

Eng flott a villfälteg Woch an der Kolonie zu Ënsber

Mir haten eng ganz schéin an ofwiesslungsräich Woch mat de Kanner vun der Maison Relais Bruch zu Ënsber. Och wann d’Wieder net ëmmer matgespillt huet, hu mir probéiert, aus all Dag dat Bescht ze maachen an de Kanner vill verschidde Méiglechkeeten ze bidden, fir ze entdecken, ze kreéieren, ze spillen an zesummen eng gutt Zäit ze verbréngen.

Bei engem Ausfluch an de Bësch konnten d’Kanner d’Natur aktiv erliewen, sech bewegen an hir Ëmwelt mat alle Sënner entdecken. Och e Besuch am Musée de l’Ardoise stoung um Programm, wou d’Kanner op eng flott an interessant Manéier méi iwwert d’Geschicht an d’Traditioun vum Schifer geléiert hunn.

An de kreativen Ateliere konnten d’Kanner hir Fantasie a Kreativitéit fräie Laf loossen. Si haten d’Méiglechkeet, sech artistesch auszedrécken, eegen Iddien ëmzesetzen an dobäi hir feinmotoresch Fäegkeeten ze stäerken.

Bei de Waasserspiller stoung virun allem de gemeinsame Spillspaass am Virdergrond. D’Kanner konnten experimentéieren, entdecken a sech dobäi ofkillen.

Fir e bësse Rou an Entspanung ze fannen, hu mir och en Wellness-Nomëtteg an der Natur organiséiert. Dës Momenter hunn de Kanner d’Méiglechkeet ginn, zur Rou ze kommen, sech ze entspanen an e Bewosstsinn fir hiert eegent Wuelbefannen z’entwéckelen.

Sou ass trotz ënnerschiddlechem Wieder eng flott Woch entstanen, mat vill Beweegung, Kreativitéit, Entdeckung, Entspanung a virun allem vill gemeinsame Momenter.

Mir freeën eis, op dës schéin Erfarungen zréckzekucken an nach vill weider flott Momenter mat de Kanner ze erliewen!

Ilenia, Chiara, Veni & Boban






» Fotoen