Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Entdeckung vun der Turnwelt bei Espérance Esch

08.07.2026

Entdeckung vun der Turnwelt bei Espérance Esch.



Am Kader vun eisem Projet Kannerzeitung haten eis Kanner d’Geleeënheet, de Veräin Espérance Esch ze besichen an d’Welt vum Turnen méi genee kennenzeléieren.

Während dem Interview huet d’Joffer Jana K., déi selwer zënter ville Jore passionéiert Turnerin ass, eis de Veräin virgestallt. Si huet de Kanner erkläert, datt si sech decidéiert huet Trainerin ze ginn, well si hir Begeeschterung an hir Erfarung gären un déi jonk Generatioun weiderginn an d’Kanner an hirer Entwécklung begleede wëll.

Espérance Esch bitt verschidde Sektiounen un, déi un den Alter an de Niveau vun de Kanner ugepasst sinn. Schonn déi Kleng kënnen op eng spilleresch Aart a Weis mat Turnen ufänken an no an no hir motoresch Fäegkeeten, hir Koordinatioun an hir Gläichgewiicht entwéckelen. Mat der Zäit kënnen d’Kanner, jee no Motivatioun an Niveau, weider an de verschiddene Gruppen trainéieren an och un Demonstratiounen oder Concoursen deelhuelen.

D’Joffer Jana huet de Kanner erkläert, datt Turnen vill méi ass wéi nëmmen Akrobatik. Dëse Sport erfuerdert Konzentratioun, Ausdauer, Disziplin, Courage, Teamgeescht a virun allem Selbstvertrauen. Et ass normal, net alles direkt ze kënnen. Wichteg ass et, net opzeginn, un sech selwer ze gleewen an duerch reegelméissegt Training Fortschrëtter ze maachen.

Zum Schluss vun all Schouljoer maachen d’Kanner e Bilan, bei deem si weisen, wat si am Laf vum Joer geléiert hunn. Dësen erlaabt et de Traineren, den Entwécklungsstand vun all Kand anzeschätzen an ze kucken, wéi et sech weider entwéckele kann.

Mir soen der Joffer Jana, dem Trainerteam an de Kanner vun Espérance Esch e ganz häerzleche Merci fir hire waarmen Accueil, hir Zäit an déi wäertvoll Informatiounen, déi si mat eise klenge Reporterinnen a Reporter gedeelt hunn. Dës Visitt huet de Kanner en interessante Bléck an d’Welt vum Turnen ginn a vläicht esouguer bei deem engen oder anere Loscht gemaach, dëse flotte Sport selwer auszeprobéieren.




» Fotoen