Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Précoce Maison Relais

05.06.2026

Léif Elteren,

Mir haten dës Woch erëm eng flott Zäit an der Maison Relais.

D’Kanner hu zesumme gespillt, gelaacht an déi schéin Deeg dobaussen genoss. Och beim Spille mam Plasteline ware si ganz kreativ a konnten hir Fantasie fräi lafe loossen.

E besonnesche Moment dës Woch war eist Waffelbaken. D’Kanner hu mat vill Begeeschterung gehollef an natierlech hunn d’Wafelen dono och ganz gutt geschmaacht!

An eisem Projet hu mir eis mat neien Emotioune beschäftegt. Zesumme hu mir entdeckt, wéi verschidde Gefiller ausgesinn a wéi mir iwwer eis Emotioune schwätze kënnen.

Mir freeën eis schonn op eng nei Woch voller flotten Erfarungen mat Äre Kanner.






» Fotoen