Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

LASEP

07.05.2026

Sport ass ganz wichteg an eiser Maison Relais. D’Kanner beweegen sech gär a léieren dobäi vill nei Saachen. Beim Sport geet et net nëmmen ëm Gewannen, mee och ëm Teamgeescht an Zesummenhalt.

Wa mir zesumme spillen, léiere mir eis géigesäiteg ze hëllefen, ze respektéieren an zesummen ze schaffen. All Kand ass wichteg an enger Equipe. Mat Teamgeescht hu mir méi Freed a mir motivéieren eis géigesäiteg.

An der Maison Relais maache mir vill verschidde Sportaktivitéiten wéi Ballspiller, Parcoursen oder Lafspiller. Doduerch ginn d’Kanner méi staark, méi sécher a kréien Selbstvertrauen.

Sport verbënnt d’Kanner a mécht Spaass. Zesumme si mir staark!



“Lëtzebuerger Associatioun fir de Sport an der Primärschoul”

Dat ass eng Organisatioun déi Sportaktivitéiten a Concoursen fir Kanner aus de Primärschoulen organiséiert.

An de Maison-relaisen oder Schoulen kënnen d’Kanner bei:

Lafcoursen,

Ballspiller,

Turnen,

Schwammen,

an aner Sportaktivitéiten matmaachen.

D’Zil ass:

Kanner fir Sport ze motivéieren,

Teamgeescht ze léieren,

an d’Beweegung an de Spaass ze fërderen.




» Fotoen