Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

"Do it yourself" Bowling

14.04.2020

Eng flott Idee dei schnell ze bastelen ass...

Waat brauchs de:

- 10 0,5 oder 1 Liter (eidel) Plastiksfläschen
- 1 klengen Ball
- faarwegen Sand oder faarwegt Waasser (fir Fläschen mei schweier ze machen,muss awer net sin)

Wei geet daat:

Fell deng eidel Fläschen mat Sand oder Waaser, fir se mei schweier ze machen. 
Stell se wei um Bild (4 hannen, 3 an der Mett, dann 2 an 1 ganz vir) en puer Meter virun dir op den Budem. 
Sich dir Doheem en courageierten Mattspiller.
JIddereen dierf jeweils 2 mol hannerteneen den Ball op d´Fläschen roulen. Ziel ass et, souvill Fläschen ewei meiglech emzegeheien. Dei emgefallen Fläschen gin op engem Ziedel als Punkten opgeschriwwen. 
Packt een et mat engem Worf, direkt all Fläschen emzegeheien, dann kritt een fir deen Tour 20 Punkten (dann dierf een awer keng zweet keier spillen fir deen Tour). 
Wann een Spiller 2 mol geschoss huet, gin Fläschen nees all opgestallt an dann ass et um nächsten Spiller.
No 10 Duerchgäng ass Schluss an dann rechent dir Punkten zesummen.
Den Spiller deen dei meescht Punktgen geworf/Fläschen emgeheit huet, ass gewonnen.
Vill Spass:-)