Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Précoce Maison Relais

27.03.2026

Léif Elteren,

dës Woch hate mir eng flott an aktiv Zäit an der Maison Relais.

Mir hunn eng spannend Ouschtereeër-Sich gemaach, wou d’Kanner mat vill Freed no de verstoppten Eeër gesicht hunn.

Dobausse hu mir och zesumme gespillt an déi schéin Wieder genoss.

Eng weider Aktivitéit war e klenge Parcours, bei deem d’Kanner mat engem Läffel an engem Ouschteree hu missten balancéieren, dat war ganz lëschteg an huet vill Geschéck verlaangt.

Mir hunn och mat Airtuubz gespillt, wat fir vill Begeeschterung gesuergt huet.

Kreativitéit gouf et beim Molen an Dekoréiere vun Ouschtereeër, wou d’Kanner hir Fantasie fräi lafe gelooss hunn.

An mir hatten en Ausfluch an d’LASEP gemaach, wou sportlech Aktivitéiten um Programm stoungen.






» Fotoen