Minigolf am Péitrussdall
25.05.2018Mir woren op engem sonnegem an waarmem Dag an eiser Päischtvakanz an den Stater Péitrussdall zesummen Minigolf spillen.
Virdrunner hunn mer en klengen Tuer duerch d'Stat gemaach, sinn di nei Bréck, d'Gëlle Fra an de Gronn kucke gaangen.
Vun do aus sinn mer dann an de Péitrussdall getrëppelt, wou mer en klenge Piknik als Stärkung kruten an d'Kanner sech op der spillplaz bëssen austobe konnten.
Um 13.00 sinn mir dann Minigolf spille gaang, hei wor et super flott. No 2 Stonnen an enger ganzer Partie "Hole in One's" kruten mir dann nach eng Glace, ier et dunn zeréck op di stater Gare gaangen ass, wou mer de Wee zeréck an eis Maison Relais ugetrueden sinn.
Dëst wor eng immens flott Aktivitéit fir an enger Vakanz, welch mer bestëmmt eng Kéier widderhuele wäerten.
» Fotoen