Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Mat Kräid rieseg Zeechnungen molen

08.05.2018

Eis Kanner hunn mat Kräid rieseg Zeechnungen op de Buedem vum Schoulhaff gemolt an sech dobäi selwer mat agebaut.

Endlech weist d'Wieder sech vun senger herrlecher Säit an mir profitéieren natirlech dovun, eis Aktivitéiten virun allem dobaussen ze maachen.

Mat de Kanner hunn eis Educateuren doropshin rieseg Zeechnungen op de Buedem gezeechent, fir sech selwer an de Konschtwierker mat anzebezéihen.
Dat flott un der Saach wor, dass wéint de riesegen Molereien d'Kanner dobäi ganz kleng gewierkt hunn, soudass si sech regelrecht an der Landschaft hunn konnten zurechtfannen.
Zudem wor et och interessant, den Aspekt vun der Perspektiv mat anzebezéihen: d'Kanner hunn sech also missen genau an Positioun brengen, fir dass d'Bild optesch en Sënn ergëtt.

Des Aktivitéit huet eis immens Spaass gemaach an war an allen Hisiichten villfälteg: souwuel d'Molereien per se (vun Strand bis Bësch), d'Kreativitéit an awer och d'Positionéierungen.
D'Kanner wore begeeschtert fir sech an de Biller mat anzebauen.


» Fotoen