Yoga fir Kanner
22.04.2021Haut den Mëtten hun mir vum gudden Wieder profitéiert, fir ais Yogastonn am Park ze maachen.
Mir hun ais Käertecher mat eraus gehol.
Zesummen hun mir dann gekukt, wéieng Übungen mir Loscht hun ze maachen.
All Kéiers konnt een aanert Kand déi nächst Übung virweisen.
D'Kanner hun d'Übung dann nogemaach.
All Übung heescht aanecht, zum Beispill dën Léiw: do sëtzen mir op den Knéien an strecken och d'Zong eraus.
Bei enger aanerer Übung stin mir op engem Been an versichen d'Balance ze haalen.
Zum Schluss hun mir ais op den Buedem geluecht an hun den Villercher nogelauschtert.