Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

FUESVAKANZ AN DER MAISON RELAIS LALLENG

19.02.2018

Mir haten eng flott an ofwiesslungsräich Fuesvakanz an eisem Haus.

D'Fuesgecken hunn hiren Déngscht fir dest Joer och schons esou gudd wéi erleedegt, lo heescht et rëm an d'Schoul goen.
Eis Kanner an d'Erzéiherpersonal haten eng flott Fuesvalkanz an der Maison Relais.

Ouni Zweifel woren di rausstiechend Eventer den Bowling-Nomëtten zu Féiz um Mëttwoch dem 14. Februar.
Hei konnten d'Kanner mat "Striken" oder eben puer Schëss méi, d'Bowlingbunnen zum Zidderen bréngen.
Och déi Kanner, déi nach net mam Bowling vertraut woren haten hei d'Méiglechkeet, sech mat der Sportart vertraut ze maachen an di éischt Schoss- an Bewegungstechniken ze léieren.
Während den bal 3 Stonnen haten si immense Spaass, sou dass et zum Schluss u sech nëmme Gewënner gouf.

E weideren Highlight wor eis Fuesparty den Dag drop. Hei konnten eis Kanner sech am fréihen Nomëtten verkleeden an schminken. Entweder si kruten dobäi Hëllef vun den Educateuren, mee virun allem wor et awer ganz flott ze gesinn, dass si sech selwer verkleed oder geschminkt hunn, bzw. sech géigesäiteg gehollef hunn. Niewt e puer Leckereien, welch zum groussen Deel selwer gebak goufen, konnten d'Kanner u verschiddenen lëschtegen Spiller deelhuelen an hunn dobäi alles ginn.

Hei ënnen an der Billergallerie kënnt der Ierch puer Andréck maachen.


» Fotoen