
Kannerzeitung Brouch
07.05.2026Mir hunn am September mat eisem Zeitung-Projet ugefaangen. Zanterhier léiere mir vill spannend Saachen iwwer Journalismus an d’Aarbecht vun enger Zeitung.
Am Kader vun eisem Projet Kannerzeitung entdecken d’Kanner d’Welt ronderëm si op eng aktiv a spilleresch Manéier. Si iwwerhuelen d’Roll vu klenge Journalistinnen a Journalisten, stellen Froen, féieren Interviewen a schreiwen Artikelen iwwer hir Erliefnesser. Doduerch entwéckele si hir Sproochkompetenzen, hir Virwëtz an hiert Versteesdemech fir d’Gesellschaft.
Am Dezember hu mir eng Solidaritéitsaktioun zesumme mat der Croix-Rouge organiséiert. A Kooperatioun mat der Maison Relais « Fliedermais » hu mir Spillsaache gesammelt, déi mir un d’Croix-Rouge iwwerreecht hunn. Dës Spende si fir Kanner a Familljen geduecht, déi et am Alldag méi schwéier hunn. D’Kanner hunn dobäi d’Wichtegkeet vu Solidaritéit, Deelen an Zesummenhalt entdeckt an aktiv erlieft.
De Projet besteet aus 22 Kanner, déi vun den Educatricen Cynthia a Sandra B. begleet ginn. Sandra ass zousätzlech Responsabel vum Projet « Kids », an deem d’Kanner d’Méiglechkeet hunn, sech iwwer Themen auszetauschen, déi si beschäftegen, hir Meenung auszedrécken an zesumme Léisunge fir verschidde Situatiounen ze fannen. Dëse Projet fërdert d’Partizipatioun an de respektvollen Austausch tëscht de Kanner.
Och an de kommende Méint sti vill spannend Aktivitéiten um Programm. D’Kanner wäerten ënner anerem eng zweet Visitt bei de Pompjeeën, eng Entdeckung vum SIVEC Schëffleng, eng Visitt am Escher Déierenasyl, e Besuch bei der Gemeng an eng Initiatioun mam Schachtrainer erliewen. Bei all dësen Aktivitéite féieren si Interviewen, sammelen Informatiounen a schreiwen Artikelen, déi an hirer Kannerzeitung an op der Internetsäit vun der Maison Relais publizéiert ginn.
D’Kannerzeitung ass e pedagogesche Projet, deen d’Kanner dozou motivéiert, hir Ëmgéigend mat oppenen Aen z’entdecken, Froen ze stellen an nei Erfarungen ze sammelen. Gläichzäiteg stäerkt de Projet hir Selbststännegkeet, hir Kommunikatioun, hir Teamfäegkeet an hiert Verantwortungsgefill. Mir freeën eis op vill weider spannend Entdeckungen an erliewnisräich Momenter zesumme mat eise klenge Reporterinnen a Reporteren.
Kummerkëscht – E Raum fir sech auszedrécken
An eiser Maison Relais hu mir och eng Kummerkëscht, inspiréiert vum bekannte Konzept vun der KiKA-Kummerkëscht, awer un eis Struktur ugepasst.
D’Kanner hunn d’Méiglechkeet, anonym e Bréif an d’Këscht ze leeën, wa si sech Suerge maachen, eng Fro hunn oder iwwer en Thema schwätze wëllen, dat hinnen um Häerz läit. Si kënnen och Iddien oder Wënsch mat eis deelen.
Déi verschidden Themen ginn duerno zesumme mat de Kanner an engem geschützten, respektvollen a vertrauensvolle Kader opgegraff. Dobäi gëtt d’Anonymitéit vum Kand ëmmer respektéiert.
D’Kummerkëscht bitt de Kanner e séchere Raum, fir hir Gefiller auszedrécken, iwwer Alldagssituatiounen nozedenken a gemeinsam no Léisungen ze sichen. Gläichzäiteg fërdert si den Dialog, d’Empathie, de géigesäitege Respekt an d’Wuelbefanne vun de Kanner.
Dëst Instrument ass e wichtegen Deel vun eisem pädagogesche Konzept a stäerkt d’Partizipatioun vun de Kanner, hir emotional Kompetenzen an d’Gefill, eescht geholl a gelauschtert ze ginn.
» Fotoen
