Besuch beim Raphael Fiegen an sengen Schlittenhënn
04.11.2022Mir sin an der Vakanz mat den Kanner an't Escher Waldschoul bei den Raphael Fiegen ganen. Deen huet nämleg eng ganz speziell Leidenschaft : Schlittenhenn.
Och wann nach keen Schnei bei eis leit, sou wua et awer en super flotten Mëtten am Gehege vum Raphael sengen Schlittenhënn. Ungefaangen hun mir eisen Besuch mat enger gemittleger Schnëssronn ronderem vun engem schnuckelegen Féier. Waat wëssen mir dann schon alles iwert Hënn? An besonneg iwer Schlittenhënn? As et deenen dann elo net ze waarm hei? Brauchen dei net emmer Schnéi? Op all dei Froen kruuten mir Äntwerten an flott Geschichten vum Raphael erzielt.
Duerno koum dun deen flottsten Deel... Mir duerften an't Gehege eran an konnten mat den 5 Schlittenhënn Kenäi, Torino, Soul, Nayeli an Alfa kuschelen. Mais domad net genuch... den Raphael kruut ganz leifen Nowuess. Seng 2 Muppen Soul an Torino kruuten Enn August ganzer 9 kleng Welpen an déi wuaren ouni Fro den Highlight bei den Kanner.
Nom ganzen Gekuschels an Gespills kruuten awer net nëmmen Muppen op emol groussen Honger, mais och eis Kanner. Ronderem Féier hun mir dann en gudden Croissant giess an konnten nach bessen op Spillplaatz an dun as et zreck ganen an eis Maison Relais.
» Fotoen