Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

De Kannerrot 25/26

14.10.2025

De Kannerrot déngt als pedagogescht Instrument, dat de Kanner d’Méiglechkeet gëtt, sech aktiv un Entscheedungsprozesser an un der Gestaltung vum Alldag ze bedeelegen. Duerch de Rot léieren d’Kanner Verantwortung ze iwwerhuelen, hir eege Besoinen an Interessen auszedrécken an hir Meenung ze soen. Gläichzäiteg kréien si en Abléck an d’Demokratie an an demokratesch Prozesser.

Bei reegelméissege Versammlungen an der SEA kënnen d’Membere vum Rot nei Iddien, Reklamatiounen oder Verbesserungsvirschléi matdeelen, diskutéieren a konkret ëmsetzen. Tëscht de Kanner fënnt e reegelméissegen Austausch statt, ënner Begleedung vun engem Erzéier.

D’Membere vum Kannerrot hunn d’Aufgab, d’Informatiounen un déi aner Kanner weiderzeginn, si no hirer Meenung ze froen an dës ze vertrieden. Duerch dëse Rot kréien d’Kanner d’Méiglechkeet, hiren Alldag aktiv matzegestalten a matzebestëmmen. Nieft der Partizipatioun ginn och aner Kompetenze gefuerdert wéi Selbstverantwortung, Initiative, Kommunikatiounsfäegkeet a Gestaltungsfäegkeet.

Organisatioun vum Kannerrot

De Rot besteet aus dëser fixer Grupp, déi all Woch un enger Versammlung am SEA deelhuelen an iwwer verschidde Sujeten diskutéieren. Am Laf vum Projet iwwerhuelen d‘Erzéier d’Moderatioun a begleeden de Verlaf vun de Gespréicher mat de Kanner. D’Gespréicher ginn op Aenhéicht gefouert. Fir d’Eegeninitiative vun de Kanner ze fuerderen, hale mir eis éischter am Hannergrond a spille virun allem d’Roll vum Observateur. All Kand soll d’Méiglechkeet hunn, sech auszedrécken an seng Iddien anzebréngen, fir esou e konstruktiven Austausch z’erreechen.

D’Erzéier féieren e Protokoll a notéieren d’Inhalter, déi wärend de Versammlunge behandelt ginn. Si hunn d’Aufgab, Transparenz ze garantéieren an d’Resultater am Team ze deelen.

Mat Hëllef vum Kannerrot solle verschidde wichteg Ziler erreecht ginn, ënner anerem, Matbestëmmung, Iwwerhuele vu Verantwortung, erliewe vun Demokratie & Gestalten vun Projete.