
Natur Musée
28.05.2025Mir hu Freed Iech matzedeelen, datt d’Ausfluch an de Musée national d’histoire naturelle am Gronn ganz gutt verlaf ass!
D’Kanner ware ganz interesséiert, opmierksam a si hu vill Freed un dëser schéiner Entdeckung ronderëm d’Natur, d’Déieren an d’Wëssenschaft gehat.
Si hu vill kënnen erliewen a léieren – zum Beispill d’Nimm vun e puer Déieren an hir Entwécklung op der Äerd, souwéi och verschidde Spezies entdecken, déi si nach ni virdru gesinn haten.
Et war eng flott Aventure fir eis Kanner an och e schéine Moment fir d’Éducateuren, déi vill Freed dorunner haten, dës pädagogesch Aktivitéit ze begleeden an z’animéieren
» Fotoen