Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Op Entdeckungstour am Escher Déierenasyl

22.07.2026

Am Kader vun eiser Kannerzeitung si mir op Besuch am Escher Déierenasyl gaangen. Do hu mir vill Spannendes iwwer d’Aarbecht vum Asyl an d’Liewe vun den Déieren geléiert.



D’Déierenasyl hëlt Hënn a Kazen op, déi fonnt goufen, ofginn oder net méi bei hirer Famill kënne bleiwen. Hei kréien si alles, wat si brauchen: Iessen, Fleeg, medezinesch Betreiung a vill Opmierksamkeet, bis si eng nei Famill fannen.

D’Mataarbechter hu eis erkläert, datt all Déier zweemol den Dag gefiddert gëtt. Vill vum Fudder gëtt duerch Spende vum Fressnapf zur Verfügung gestallt. Verschidden Déieren hu speziell Besoinen a brauchen dofir Spezialfudder, zum Beispill wéinst Allergien oder anere Gesondheetsproblemer. Dëst Fudder muss d’Asyl selwer finanzéieren.

Mir hu gemierkt, datt e puer Hënn e Maulkuerf droen. Dat heescht awer net, datt si geféierlech oder aggressiv sinn. E Maulkuerf gëtt dacks aus Sécherheetsgrënn benotzt, zum Beispill wann en Hond Angscht huet, sech séier erschreckt, an enger neier Situatioun ass oder nach trainéiert gëtt. Hie schützt dobäi souwuel d’Mënschen wéi och den Hond selwer.

Dobäi kann den Hond ganz normal ootmen, drénken an och kleng Belounungen iessen.

Wann en Hond de Maulkuerf reegelméisseg brauch, kritt hien e personaliséierte Maulkuerf, dee perfekt op säi Kapp ugepasst ass. Dat ass vill méi bequem fir den Hond.

D’Mataarbechter hunn eis och mat engem Laachen erzielt, datt e Maulkuerf heiansdo nach en anere Virdeel huet: E verhënnert, datt verschidden Hënn dobaussen all méigleche Knascht ophiewen… oder – esou komesch et och kléngt – de “Kaka-Buffet” vun aneren Hënn probéieren! Dat ass nämlech net gutt fir hir Gesondheet.

Eng flott Initiativ vum Asyl ass, datt een Hënn fir e Spadséiergang ausléine kann. Dës Ausflich si wichteg, well d’Hënn sech beweege kënnen, nei Ëmfeld entdecken an de Kontakt mat de Mënschen behalen. Dat dréit zu hirem Wuelbefannen bäi an hëlleft hinnen, sech besser op eng zukünfteg Famill virzebereeden.

Mir hunn och geléiert, datt all Hond eng bannenzeg Box huet, déi mat engem Auslaf no baussen verbonnen ass. Ausserdeem gëtt et e klengen Terrain, op deem d’Hënn trainéiert a sozialiséiert ginn.

Besonnesch beandrockt huet eis d’Geschicht vun engem Hond, dee wéinst Réckproblemer eng orthopädesch Matratz krut. Dat weist, wéi vill Wäert d’Mataarbechter drop leeën, datt all Déier déi Betreiung kritt, déi et brauch.

Eng wichteg Reegel am Asyl ass, datt vu November bis Januar keng Déieren adoptéiert ginn. D’Mataarbechter hunn eis erkläert, datt si verhënnere wëllen, datt Déieren als Chrëschtkaddo verschenkt ginn. Leider geschitt et heiansdo, datt esou Déieren no de Feierdeeg nees am Asyl landen, well d’Famill feststellt, datt en Hausdéier vill Zäit, Gedold a Verantwortung erfuerdert oder sech hir Liewenssituatioun ännert.

Zum Schluss vun eiser Visitt hu mir nach vill Froen un d’Mataarbechter gestallt an hu verstanen, wéi vill Engagement, Léift an Zäit hannert der Aarbecht am Déierenasyl stécht.

Mir soen dem Escher Déierenasyl e ganz grousse Merci fir de waarmen Accueil an déi interessant Erklärungen. Dës Visitt huet eis gewisen, datt en Hausdéier kee Kaddo, mee eng Verantwortung fir vill Joren ass.




» Fotoen