Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Précoce Maison Relais

21.11.2025

Léif Elteren,

och dës Woch hu mir erëm vill schéi a spannend Momenter zesumme mat de Kanner erlieft!

D’Kanner hunn mat vill Freed verschidden Dekoratioune fir eisen Tannebämchen gebastelt. An der Fräispill-Zäit konnten d’Kanner hiren eegene Interessen nogoen, nei Spilliddien entwéckelen a mat Frënn hir Fantasie ausliewen. E puer Kanner haten och vill Spaass dobäi, selwer Popcorn ze maachen. Dat Zesummeschaffen an duerno Nasche war e klenge Highlight vun der Woch. Am Kader vun eisem Projet hu mir eis dës Woch mat den Äisdéiere beschäftegt. D’Kanner hunn interessant Saache geléiert iwwer Déieren, déi an de kale Regiounen doheem sinn, an hir Virwësse konnt nach méi erwächen. E ganz besonnescht Erliefnis war eisen Ausfluch an LASEP. D’Kanner haten do vill Geleeënheet fir sech ze beweegen, Sport ze maachen an nei Bewegungsforme kennenzeléieren. Jidderee hat vill Spaass!






» Fotoen