
Dance Esch 2026
04.06.20262. Plaz beim Dance Esch 2026: Eng flott Belounung fir eis Dänzer!
Mir si ganz houfreg matzedeelen, datt eis Danzgrupp déi 2. Plaz beim Dance Esch 2026 erreecht huet!
Mat vill Asaz, Motivatioun a Talent hunn eis 32 Dänzerinnen an Dänzer eng exzellent Leeschtung gewisen an domat e flotte Präis gewonnen: en Ausfluch op de KoJump.
Den 16. Juli dierfen eis Dänzerinnen an Dänzer dëse verdéngte Präis genéissen an e flotten Dag voller Spaass, Beweegung a Gemeinschaft erliewen.
Mir gratuléieren allen Participanten häerzlech zu dësem Erfolleg a soe Merci fir hiren Asaz, hiren Teamgeescht an hir Begeeschterung. Dëse Succès mécht déi ganz Maison Relais houfreg.
Bravo a weider esou!!!
» Fotoen
