
Coin des Parents
06.01.2026Léif Elteren,
Den „Coin des Parents“ bitt eemol am Mount d’Méiglechkeet, dass e Referent vun der „École des Parents“ bei eis am Haus ass.
Enn vum Dag, wann d’Kanner ofgeholl ginn vun den Elteren, kënnen d’Elteren dëse Moment notzen, fir sich auszetauschen an Froen iwwer d’Erzéiung an hir Roll als Elteren ze stellen.
Datum: 04.02.2026
Zäit: 16:00 – 18:00 Auer
Plaz: Maison Relais bei de Fliedermais
D’Temaen, déi Iech wichteg sinn, kënnen virdru bei den Educateuren/tricen matgedeelt ginn. Mir informéieren duerno de Referent vun der „École des Parents“.
Mat frëndleche Gréiss,
D’Equipe Maison Relais bei de Fliedermais
» Fotoen
