Infos parents
Kalenner
Neiegkeeten
- Bei de Fliedermais
Wanterfest 2025
Léif Elteren,
Mir lueden Iech an Är Famill häerzlech op eise Wanterfest an, deen den 12/12/2025 an eiser Maison Relais stattfennt. Mer hoffen op ee schéine gemittlechen Nomëtten (16h00 bis 18h00) mat Iech. Kaffe a Kuch ass gesuergt an och e klengen Danzspektakel, dee mat vill Freed vun de Kanner virbereet gouf.
D’Equippe Maison Relais bei de Fliedermais
- Bei de Fliedermais
Précoce Maison Relais
Léif Elteren,
och dës Woch hu mir erëm vill schéi a spannend Momenter zesumme mat de Kanner erlieft!
D’Kanner hunn mat vill Freed verschidden Dekoratioune fir eisen Tannebämchen gebastelt. An der Fräispill-Zäit konnten d’Kanner hiren eegene Interessen nogoen, nei Spilliddien entwéckelen a mat Frënn hir Fantasie ausliewen. E puer Kanner haten och vill Spaass dobäi, selwer Popcorn ze maachen. Dat Zesummeschaffen an duerno Nasche war e klenge Highlight vun der Woch. Am Kader vun eisem Projet hu mir eis dës Woch mat den Äisdéiere beschäftegt. D’Kanner hunn interessant Saache geléiert iwwer Déieren, déi an de kale Regiounen doheem sinn, an hir Virwësse konnt nach méi erwächen. E ganz besonnescht Erliefnis war eisen Ausfluch an LASEP. D’Kanner haten do vill Geleeënheet fir sech ze beweegen, Sport ze maachen an nei Bewegungsforme kennenzeléieren. Jidderee hat vill Spaass!
- Bei de Fliedermais
Précoce Maison Relais
Léif Elteren,
dës Woch haten d’Kanner vill Freed an der Maison Relais, sie hu vill gespillt an Neies entdeckt. Am Spillhaff stoung vill Bewegung an Zesummespill am Mëttelpunkt, an dobannen hu si mat vill Begeeschterung gebastelt a kreativ geschafft. Besonnesch schéin war ze gesinn, wéi d’Kanner ëmmer méi eegen Iddien abréngen an sech géigesäiteg ënnerstëtzen.
Mir wënschen Iech vill Spaass beim Ukucken vun de Fotoen.
- Bei de Fliedermais
Hierschtvakanz (Précoce)
Léif Elteren,
An der Hierschtvakanz war vill lass bei eis an der Maison Relais!
All Kand krut säin eegene Kürbis a konnt e flott oder lëschtegt Gesiicht drop molen, se sinn all richteg flott ginn!
Wann d’Sonn geschéngt huet, si mir eraus gaangen an hu gespillt, an bei de méi kale Deeg hu mir vill zesummen am eisen Grupperaum gespillt a gebastelt passend zum Thema Hierscht.
Vill Spaass beim Kucken vun de Fotoen!
- Bei de Fliedermais
Précoce Maison Relais
Léif Elteren,
Dës Woch hu mir nees vill flott Momenter zesumme erlieft! D’Kanner haten vill Freed beim Bastelen zum Thema Halloween, hir Kreatioune waren ganz originell a faarweg.
Mir hu och eist Projet iwwer d’Déieren weidergefouert. D’Kanner hunn d’Déiere vun der Savanne an Bauerenhaff entdeckt, schéi Savanne-Déieremasken gebastelt an eng Sticker-Kollage mat Bauerenhaffdéieren gemaach.
D’Plasteline huet hinnen och vill Spaass gemaach, si konnten hir Fantasie fräi lafen loossen.
Vill Spaass beim Fotoe kucken!
- Bei de Fliedermais
Happy Halloween Précoce!
Léif Elteren,
Mir haten eng super flott Halloween-Feier an der Maison Relais!
D’Kanner hu sech verkleet, Party gemaach an vill gesnackt.
D’Fotoe vun der Halloween Party kënnt Dier gär hei ukucken.
